| « Kuriositéiten an der Affär Bommeleeër halen net op | Aggressiv Auslänner zu Lëtzebuerg » |
Brutale Polizeihond an säi Meeschter
E gemitterlech Sonndesspazeiergang mam Mupp duerch de Bësch vun Hamm gouf zum liewensgeféierlechen Event. Den Täter dës Kéier e Polizist deen säi Polizeihond frei an offensichtlech onkontrolléiert nieft enger ongeschützter Zuchstreck lafe léist. Aus entgéintgesater Richtung um Circuit Autopedestre koum mat den zwee Muppe Judy a Bonnie d’Nadine an de Robert de Bierg erop wéi se ouni Virwarnung vun engem grousse schwaarzen Hond mat voller Wucht iwwerfall goufen. De schwaarzen Hond huet net vun deem vu Schmerzen an Angscht kräischend Judy lass gelooss an et um Hals hin an hir gerappt. Obwuel de Robert direkt mat haardem Jaitze versicht huet de schwaarzen Hond vum Judy z’entfernen huet dësen et nach fäerdeg bruecht säin Opfer an de Bauch ze bäissen iert en dunn endlech lass gelooss huet a fort gelaf ass. Well de Besëtzer vum Hond net ze gesin war, an och keen sech bemierkbar gemeet huet, ass de Robert léiwer mol dem Hond nogelaf fir sécher ze goen dass en net emdreit an nach eng Attack versicht. Uewen um Bierg ukommt, a mat zolittem Ofstand zum schnellen Hond, gesäit hien dunn eng Persoun di zwee Hënn un d’Lenkt hëlt a fort leeft. Nodeems de Robert, natierlech no Loft schnapend vun der Course, haart jaizt „Stop“ bleift de flüchtegen Hondsbësetzer och stoen.
Schnell stell sech eraus dass dëse schonn ahnt ëm wat et geet a freet „Ass ärem Hond eppes geschitt?“ Well de Robert direkt dem Hond nogelaf ass an d’Nadine bei den zwee Hënn zeréck bliwwen ass fir se ze vertréischten, konnt hien dorop keng Äntwert ginn. Wat de Robert awer wollt wëssen, dat war wiem deem aggressiven Hond giff gehéieren a wisou en och nach frei leeft. Dorops seet de Meeschter vum schwaarzen Hond, dass dësen en Polizeihond wier a frei dierft lafen a wann säin Hond e Schued sollt gemeet hunn bei dësem Accident da soll een sech bei der Police mellen, di eng Assurance fir sou Fäll hätten. Ob d'Fro hin, ob hien dat normal fënnt op engem Spadséierwee en aggressiven Hond onkontrolléiert lafen ze loossen huet de Polizist ëmmer nees insistéiert „Maacht elo keen Drama hei, ech sinn Polizist an ausserhalb vun der Agglomeratioun dierf een en Hond frei lafe loossen an e Polizeihond souwisou ëmmer“. Op d’Fro, op hien sech bewosst ass dass säin Hond bäisst, koum d'Äntwert "Waat mécht e Polizeihond, e bäisst. Wann ären Hond gebass gouf, kucke mer dat elo direkt an da mellt der iech bei der Police an d’Assurance bezilt.“

Mëttlerweil ass d’Nadine mat den zwee Hënn och nokomm an de Polizist versicht, trotz Warnung vum Nadine a Robert dass den Hond Angscht hätt, dësen op Bëssspueren z’ënnersichen. De Polizist mécht dunn säin zweeten Hond nees vun der Lenkt lass, obwuel de Robert direkt freet dat z’ënnerloossen. Nom Kommentar, „E mécht näischt“ sprengt dësen dunn och direkt un d'Nadine a reagéiert net op d'Befehler vu sengem Meeschter. Wengstens ass dësen Hond just ondisziplinéiert an net aggressiv wéi den anere soudass de Polizist en nees un d'Léngt hëlt wéi en en nees ze packe krut. Onkloerheet bleift allerdéngs ëmmer nach iwwer d’Identitéit vum Polizist, den net genee seet wien hie ass bzw wou hien unzetreffen ass. En widerhëllt just emmer nees dass en am Recht ass, dass d'Assurance bezillt, et kee Sënn mecht en Drama ze maachen. Eng Entschëllegung fir de Virfall kennt him dobäi absolut net an de Sënn, dofir awer eng ganz Rei subtil Erschüchterungsversich di d’Opfer vun enger Plainte wuel ofhale soll.
Dem Robert geet dat ze weit, an seet him säi vollen Numm fir dass weistens de Polizist wees wien sech um Büro wert mellen. Als weideren Erschüchterungsversuch gräift de Polizist no sengem Handy a rifft wuel um Policebüro un fir dunn ze soe „Här Schommer, dir wunnt jo um Findel, de Policebüro an der Staat ass da fir Iech deen nootsten“. Op d’Fro hin op hien am Déngscht ass, dass en di Daten iwwert en Handy am Bësch nofreet, seet en jo. Säin Dengschtausweis refuséierten allerdéngs ze weisen a gett sech domadder och weiderhin net vollstänneg z’erkennen. Hien mecht sech an di aner Richtung weider an dei en virdru gelaaf ass an seet e wäert e Bericht iwwert de Virfall schreiwen.

De Robert aus dësem Bericht, jo dat sinn ech, de Robert Schommer, dee Robert Schommer dee scho mat ville gudde Polizisten zu Lëtzebuerg um Tour war fir Tële-Reportagen ze maachen an och eng zeg mol beim Training vun der Hondsstaffel dobäi war.
Bei dësen Traininge ware vill Saachen di mir net gepasst hunn, vrun allem d’Aggressivitéit vun deenen Hënn, di öfters, fir mäin Verständnis, e.a. vill ze laang agespaart sinn. Ech hunn deemools di Saache bewosst aus de Reportagë gelooss, well ech un der Wichtegkeet vun der Aarbecht vun der Hondsstaffel net gezweiwelt hunn. Elo hunn ech definitiv meng Zweiwel op ausser fir Drogen a Sprengstoff Poliziste Schutzdéngschthënn sollen hunn.
Wann ech gewosst hätt dass dee schwaarzen Hond e Polizeihond wier, dann hätt ech mech net getraut dertëscht ze goen. Hätt ech dat net gemeet, da wier d’Judy elo schwéier verletzt wann net souguer doud, dovunner sinn ech iwwerzeegt. Op d’Fro vun der Virbildfonktioun vun engem Polizist a sengem Policehond ass de Bekloten a kenger Form agaangen. En huet just ëmmer nees, wéi astudéiert gesot, dass hien dat dierf an d’Assurance vun der Police e Schued iwwerhëlt.
1tens Wat schaisst mech eng Assurance wann mäin Hond Schmerzen huet oder souguer Doud ass!
2tens Wie reagéiert d’Assurance op esou Fäll? Ganz einfach mat erhéije vun de Cotisatiounen. Cotisatiounen di letztendlech de Steierzueler muss bezuelen!
3tens Ass dat eng akzeptabel Situatioun, dass een Angscht vrun aggressive Polizeihënn am Bësch muss hunn, während begoe vun dësem en verankert Grondrecht ass?
An der ganzer Situatioun hätt ech mer eng einfach an éierlech Entschëllegung vun deem Polizist erwaart deen d'Liewe vu mir a mengem Hond op d'Spill gesat huet. Ech hätt mer gewënscht en hätt net den "ech dierf alles well ech Polizist" gespillt an seng 2 Hënn un d'Lenkt geholl sou wéi mer et gefrot hunn.
Di äusserst provokativ Reaktioun vum Polizist huet mech och op folgend Iwwerleeung bruecht: Wann ech keng Plainte maachen, an deen Hond muer oder iwwermuer e Kand am Bësch ugräift, dann hëlt de Riichter bei engem Prozess un, dass et en trauregen éischten Eenzelfall an der Karriär vun deem Hondsmeeschter war. Di nächst Fro ass, muss et sou aggressiv Deiere ginn? Mussen Hënn esou aggressiv gemeet ginn? De "normalen" Bierger muss fir Kampfhënn eng Schulung mat sengem Hond maachen. Dobäi sinn dës meeschtens net aggressiv (vrun allem am Verglach zum Polizeihond) an trotzdem dierf een déi net lafe loossen. Ass dat Gesetz net aus engem gudde Grond geschaaf ginn? An wéi engem Joerhonnert liewe mer?

De Simba Blog